Visite - Vollekskichen
Den Mëttwoch (17/4/13) haten mir eis Visite an der Vollekskichen.
Mir goufen bei eisem Antreffen häerzlech vun der Educatrice graduée Rita Lawina empfaangen. Sie huet eis d'Geschicht an den Oflaf vum Alldag an der Vollekskichen erkläert.
D'Vollekskichen fungéiert wei en Restaurant, mat 65 Sëtzplazen, mat 12-18 Mataarbechter, déi an der Kichen an am Service schaffen. Et sinn keng qualifizéiert Leit déi do schaffen, ausser den Kach. Dat ganzt gëtt finanzéiert vum CNDS (Comité Nationale De Défense Sociale) deen schonn säit 45 Joer besteet.
D'Vollekskichen ass 7 Deeg op 7 op an dat 365 Deeg am Joer. Een Mëttegiessen an der Kichen kascht 6 Euro; dofir kritt een Entrée, Plat, Dessert an Café. Fir 70 Cent kritt en sou vill Zopp an Brout wei en well. Während der Woch kann een aus 5 verschiddenen Platen wielen, Weekend's gëtt et nëmmen een Plat.
D'Haaptzil vun der Vollekskichen ass een Iessen u Leit ze ofréieren déi een méi klengt Akommes hunn. D'Leit rëm an d'Gesellschaft anzebrengen an hinnen och heinsto eng Aarbecht ze vermëttelen. Aus dessen Grënn sinn net nëmmen Obdachloos Leit do ,mais och aaner Leit aus villen verschidden Gesellschaftsschichten an vu verschidden Nationalitéiten.
Tom, Cathérine & Léa