D’Associatioun vun der Stëmm vun der Strooss
Den Michel Hoffmann an den W. sinn bei eis op Besuch an d’C12 komm. Den Herr Hoffmann ass säit 8 Méint bei der Stëmm vun der Strooss täteg. Hien schafft do als Éducateur gradué. Hien muss dofir suergen dass alles am Haus klappt an dass et net zu Konflikter kënnt. Den W. selwer war en Obdachlosen deen säin Liewen no 2 Joer rëm op d ‘Rei krut an elo als Redakter bei der Stëmm schafft.
D ‘Associatioun Stëmm vun der Strooss zu Bouneweg gouf gegrënnt fir den Obdachlosen eng Plaz kënnen unzebidden wou se sech kënnen opwiermen, fir wéineg Geld eppes ze iessen kréien, eng Schloofplaz hunn an un Aktivitéiten deelhuelen kënnen. Natierlech ginn et och Regelen. Déi Haaptregelen sinn keng Drogen- sou wéi keen Alkoholkonsum an Handel an och keng Gewalt. Jiddwereen kann dohinner goen soulaang een iwwert 18 ass an déi néideg Regelen respektéiert. D' Haus vun der Stëmm vun der Strooss zu Bouneweg plënnert awer op d' Gare. D' Adress ass awer nach onbekannt wéinst méiglechen Biergerinitiativen. Sie plënneren dohinn am September, dëst Joer. An deem Gebäi wärten se och Douchen an Wäschmaschinnen hun - waat sie zu Bouneweg net hunn. D' Iessen kascht nemmen 50 Cent an d' Gedrénks 25 Cent fir den Produkter eng Valeur ze ginn. Sie wëllen nëmmen een mol am Mount eng Klass begréissen, well daat d' Leit dohannen soss ze vill stéieren kéinnt. Déi Klass hëlleft dann dohannen an doduerch gëtt d' Iessen deen Daag gratis. Et kommen lauter verschidden Leit dohinner déi vill verschidden Nationalitéiten hun, mee déi meescht sinn emmer dankbar fir daat waat se kréien.
Capucine, Lena an Melanie