Stemm vun der Strooss Bonnevoie - Visite
Néng Schüler vun der C12 sinn den Mëttwoch, den 17. Abrëll 2013 an der “Stëmm vun der Strooss Bonnevoie” mat hirem Proff eng Visite maachen gaang.
Wou mir um 10 Auer ukomm sinn, kruten mir fir d’ éischt d’ Haus gewisen. Duerno hunn mir eis an Gruppen opgedeelt an jiddwereen huet gehollef, alles fir Mëttes virzebereeden. Eng Grupp huet d’ Entrée gemat, eng aner huet den Dessert virbereet, eng Schülerin huet d’ Mëtschen op e Plateau
geluecht, an de Rescht vun de Schüler huet d’ Kleeder zortéiert, di mir gesammelt an matbruecht haten.
Wou mir domat fäerdeg waren, hunn mir eis op d’ Terrass gesat an d’ Gruppen vir di spéider Aarbecht opgedeelt. Mir hunn schonn um hallwer 12 giess, fir prett ze sinn, wann di éischt Leit kommen. Z’ Iesse gouf et Gulasch mat rouden Kabes an frittéiert Gromperen.
Um 12 ass d’ Stemm vun der Strooss opgaangen, an jiddwereen vun eis stoung prett op sengem Posten. Een huet hannert der Théik zerwéiert, jeeweils zwee aner Schüler hunn d’ Mëtschen, d’ Entrée an den Haaptplat ausgedeelt. Vu dat d’ Kleederstuff réischt um hallwer eng opgaang ass, hunn di dräi Schülerinnen, di dofir agedeelt waren, d’ Dëscher ofgeraumt, bis di hallef Stonn ëm war, an dono mam verdeelen vun de Kleeder gehollef.
Verschidden Leit waren immens dankbar vir d’ Kleeder oder d’ Iessen, dat se kruten, awer anerer hunn et och fir selbstverständlech geholl. Un dësem Daach waren zesummegerechent ca. 135 Obdachloser an der “Stemm vun der Strooss Bonnevoie”.
Mir hunn nach zwee Interviewen gefouert, bis mir dann um 3 Auer gaangen sinn.
Als Bilan vun dëser Visite kenne mer soen, dat et fir jiddereen eng interessant Erfahrung war, mir vill geleiert hunn an et ausnahmslos jiddwerengem gutt gefall huet.
Jana & Marie