Stëmm vun der Strooss Esch Alzette
Haut waren mir matt eiser Grupp eng Visite an Stemm vun der Strooss zu Esch maachen gaangen an mir hunn do interessant Informatiounen gesammelt.
Nodeems mir ukomm sinn an eng häerzlech Begréissung kruten, hunn mir als éischt eis 8 Tuten Kleeder ofginn an dunn hunn mir an der Kichen gehollef ze kachen. Dunn wei mir fäerdeg waren mat iessen, hunn mir dei aner Leit, déi no eis komm sinn, d'Iessen zerwéiert an ze drénken ugebueden. All Daag erwaart d'Stëmm vun der Strooss zu Esch ongeféier 100-150 Leit an normalerweis bezilt een 0,50 € fir iessen an 0,25€ fir ze drénken, mee ausnahmsweis wéinst eiser Visite , war alles gratis. Wei Clienten dat gesot kruten waren se all ganz frou, déi meescht waren och ganz dankbar an et huet hinnen och gutt geschmaacht. Den Menu huet aus engem Geméisburger matt Gromperenpurée an enger Zalot mat Wuerzelen bestan, an fir den Dessert kruten se kleng Stecker Meloun an Bieren an enger plastiks Schossel zerwéiert.
Nodeems all Mënsch fäerdeg war mat Iessen huet een Responsabelen (M. Pol) sech bereet erklärt fir matt eis een Interview zemaan. Hien huet eis gesoot dass net all Mënsch deen an Stëmm Iessen kennt, Drogeproblemer hätt oder op der Strooss géif wunnen, oft géifen och ganz normal Leit iessen kommen. Wéivill Leit Obdachloos zu Lëtzebuerg sinn an wou se sech treffen, kann hien eis net soen well een déi Zuel nie genau ausrechnen kann, an hien och nëmmen an der Stëmm vun der Strooss eppes mat deenen Leit ze dinn huet. D'Grënn firwat een obdachlos gëtt sinn meeschtens ganz verschidden mee et ass ganz egal op een elo an gudden Verhältnisser gelieft huet, Famill räich ass oder net. Vill Leit hunn Virurdeeler géigeniwwer Obdachlosen an den Här Pol fënnt dass se vill ze oft ënnerschätzt ginn oder dass se hirt Kënnen net enner Beweis kënnen stellen. Hien huet schons ëmmer gären mat Leit geschafft an virun sengem Job an der Stëmm war hien Telefonist an Receptionist. Hien ass Educateur mee matt Kanner schaffen wollt hien nie, also war war dësen Job genau dat richtegt fir hien. Mëttlerweil schafft hien schonn 9 Joer (seit 2003) an der Stëmm an et gefält him nach emmer ganz gutt do.
D'Realitéit konnt een net matt eisen Virstellungen vergläichen. Mier hunn eis dat alleguerten ganz anescht virgestallt, et war zimlech harmlos an d'Leit wären zimlech frou dass mir do zerwéiert hunn.
Vilma KOCAN & Sven KIEFFER