Streetwork
De Service Streetwork gëtt et säit 2002. Et muss een ausgebilt sinn als Éducateur gradué oder diplômé, am beschten och mat engem Éischt Hëllef Kuer. D'Streetworker schaffen enk mat der Stëmm vun der Strooss zesummen. Streetworker sinn 60% vun hirem Daag um Terrain. Si gin duerch d’Stroossen a kucken weem si hëllefen kennen an ween Hëllef brauch. D’ Sproochen déi een misst kennen wieren Portugisesch, Jugoslavesch, Rumänesch, Polnesch asw. Di eng bauen Vertrauen sou lues a lues op, an déi aner schléissen sech aus. Een vun den Streetworker huet ëmmer een ausgebilten Hond fir Leit mat Behënnerung dobäi. Den Hond hëlleft vir den Kontakt zwëschen den Streetworker an den Leit opzebauen. Am Laaf vun den Joeren als Streetworker fällt et engem op dass et ëmmer méi Jugendlecher ginn déi op der Strooss liewen. Déi heefeg Grënn dofir sinn, dass d’ Elteren si rausgeheien, well si eng schlecht Biographie hannert sech hunn, näischt an der Schoul gemeet hunn, asw.
De Service Streetwork ass opgedeelt an 4 Associatiounen. D’ Laura an de Bertrand, déi bei eis op Besuch waren gehéieren zu der Associatioun Interaction. Si schaffen 40 Stonnen, vu Méindes bis Freides. D’ Laura schafft haaptsächlech mat Leit zwëschen 12 an 30 Joer déi keng Aarbecht an keng Wunneng hunn. Hat huet Kontakt mat Toxicomanen an Alkoholiker. De Bertrand schafft mat volljäreche Leit. Déi Leit sinn “mal logées” an liewen op der Strooss.
No den villen Erklärungen an Informatiounen déi mir kruten, hunn mir en Spill gespillt. Dat Spill war an Kategorien agedeelt : Streetwork, Schoul, Fräizäit, Famill a Bezéiung, Sucht. An all Kategorie misst een Sketchen erfannen, pantomimen, Froen beäntweren... an dat fir 10-40 Punkten. D’ ganz Klass
hat Spaass.